Passerelle um Knuedler

Den neie Biergerzenter vun der Stad Lëtzebuerg ass ferdeg. Wéi et schéngt ass e bannenan ganz schéin. Dat kann een net onbedéngt soen zu deem wat bausse gebaut gouf. Déi meescht Leit déi d'Glaskonstruktioun gesinn hu fannen se schrecklech oder wéinestens net gutt op deeër Plaz. Op alle Fall zerstéiert déi Passerelle, déi vun der Märei iwwert de klenge Knuedler bis an de Biergerzenter féiert, hei gewalteg d'Bild vun der Stad. Dat gouf iwwregens am Rapport, deen zwee Expert'e fir d'UNESCO geschriwwen hunn, ausdrécklech gesot. Komescherweis sinn déi Sätz vum Rapport ni bei der UNESCO ukomm!

Et stellen sech e puer Froen:
Woufir ass déi Passerelle iwwerhaapt gebaut ginn? Haut mat dem Internet gi wuel kaum nach Dossier'e vun engem Bureau an deen anere gedroen. A wann, dann hätt dat och kënnen ënnerierdesch oder einfach iwwer de Knuedler geschéien.
Woufir solle Brautkoppelen, wéi gesot gouf, vun enger Säit op déi aner spazéieren? Wann se gäer eng Foto op der Trap hätten da mussen se esouwisou eraus goen. A wann se gäer d'Bild am schéinen alen Deel hätten, da kann déi ganz Feier jo an deem Kader ofgehale ginn.
Wat kascht déi Passerelle?

Informatiounen zu deeër ganzer "Geschicht" (offiziell Texter, Zeidongsartikelen, Kommentaren a Fotoen) fënnt een op der Internet-Säit vun der "Biergerinitiativ Knuedler" op www.knuedler.org