Fréijoersfest zu Hesper
08
May
08 May
Als Ofschloss vun enger brillianter Fuessaison zu Hesper, invitéieren mir Iech häerzlech op eis Fréijoersfest Party, Freides den 8. Mee am legendären Chalet am Hesper Park!
Bei guddem Wieder hunn mir e grousse Béiergaart vu 17H-21H virum Chalet!
(Bei schlechtem Wieder fënnt den After-Work ab 17H am Chalet statt.)
Hannert den Turntables steet Hoffi-Zambezi a verwinnt Iech mat der beschter Partymusek vun München, Kölle, Ischgl, Malle a co.
Fir de klengen Honger ass nierft dem groussen Duuscht natierlech och erem gesuergt!
Virverkaf 8€
Oweskeess 12€
Virverkafstickete kritt dir op der Q8 zu Hesper, op ticket24.lu a bei de Memberen vun der Hesper Fuesent!