Kachcours vun dem CTF Uespelt

Den Uespelter Coin de Terre et du Foyer huet iwwert déi lëscht 6 Wochen een interessanten a ganz gutt besichten Kachcours ofgehalen. Oennert der fachlecher Leedung vun der Madame Isabelle Rossi sinn all Dënschdeg Owend ganz Menüen gekacht, an duerno, mat groussem Genoss, zesumme giess ginn. Et war dëst eng flott Initiativ, déi wuel dat nächst Joer wäert erneiert ginn.