Neie President fir d'Frënn vum Uespelter Schlass

Während der Comitésversammlung vum 24. Mee 2012 ass de Louis Karmeyer eestëmmeg zum neie President vun de “Frënn vum Uespelter Schlass” gewielt ginn.
De Louis Karmeyer ass gebiertegen Uespelter an huet och 25 Joer do gewunnt. Hien ass ausserdem President vun der Ugda an och President vun de “Ricciacus-Frënn” vun Duelem.
E bréngt mat Sécherheet di richteg Erfahrunge mat fir eise Veräin ze leeden a mir wënschen him vill Erfolleg fir di nei Erausfuerderungen.