Oppene Gaart zu Uespelt

D'Famill Valentiny aus Uespelt hat hiren Gaart op gemat, fir allen Interesséierten een Ableck an hiert kleng Paradäis ze vermëttelen, dat si sech do geschafen hun.

Beem, Stauden, Hecken, Waasser, Skulpturen, Weeër an Sëtzplazen, an déi immens Méiglechkeeten, dat alles mateneen ze kombinéieren, dat ass et schonns Wert, bewonnert ze ginn.

Fir jiddereen, deen dat bis elo verpasst huet, kann dat nach den Sonndeg, 26. Juni 2011, vun 15.00 bis 18.00 Auer, nohuelen.

Kaffi an Kuch gëtt et zu Gonschten vun Televie.

Den CTF vun Uespelt wuar och op der Plaz fir sech déi schéin Anlag un ze kucken.