2. Generalversammlung vun der EKR (Energiekooperativ aus dem Kanton Réimech)

Munneref:

D’Energiekooperativ aus dem Kanton Réimech «EKR» huet den 20.Mee am Bierger a Kulturhaus zu Munneref hir 2. uerdentlech Generalversammlung (GV) ofgehalen. De Verwaltungsrot (VR) huet bei dëser Geleeënheet den uwiesende Memberen déi geleeschten Aarbechten a fäerdeggestallte Projeten aus dem läschte Joer presentéiert. De President war erfreet iwwert Präsenz vun etleche Kooperateuren , an aus dem detailléierte Bericht ass ee gewuer ginn, wat de VR am Joer 2024 ugepaakt a realiséiert huet a wat nach geplangt ass.

Nierwend den administrativen Aarbechten an den 11 VR-Versammlungen, war d’EKR awer och houfreg op Realisatioun vun der 2. PV-Anlag um Daach vun der Grondschoul zu Munneref . Bei der Aweiung , den 11.November 2024, a Präsenz vum Energieminister Lex Delles, ass ee gewuer ginn , dass dëse Projet vun 68 KwP, aus 160 Solarpannoe besteet, an zesumme mat der Munnerefer Gemeng realiséiert konnt ginn.

An der GV sinn Membere bei der Virstellung vun der Finanzsituatioun gewuer ginn, datt Joer 2024 mat engem Boni ofschléisst , an datt de gréissten Deel dovunner direkt scho fir de nächsten EKR- Projet zu Réimech verplangt ass.

E Credo deen sech duerch all Virtrag wéi e grénge Fuedem gezunn huet war d’Sich no neie Fongen, sief dat a Form vu nationalen oder europäesche Subsiden oder duerch Iwwerzeege vu neie Kooperateuren.

Fir nei Member ze gewanne stoungen Informatiounsversammlungen an de verschiddene Gemengen um Programm. Esou eng Versammlung war de 19. Mäerz zu Lenneng, eng zweet war den 10.Juli zu Réimech ,an eng drëtt war de 15. Oktober zu Schwéidsbeng.

Bei der fräier Aussprooch huet de Munnerefer Buergermeeschter Steve Reckel den engagéierten an onentgeltlech schaffende Leit aus dem VR e grousse Merci zoukomme gelooss. Duerno huet de Buergermeeschter am Numm vu senger Gemeng op den Éierewäin agelueden , a fir se weisen datt d’Gemeng Munneref wierkleg hannert dëser Kooperativ steet, ass Gemeng duerch de Kaf vu Parten, selwer Kooperateur ginn.

Mat esou Engagementer ass et méiglech déi nächst PV-Projeten, zbsp. Kierch zu Kanech, Brasserie am Hafen zu Schwéidsbeng, Grondschoul zu Duelem, oder de Centre Culturel zu Ierpeldeng, ze realiséieren.

De VR setzt sech weiderhin aus den 8 Grënnungsmemberen zesummen. Chargeverdeelung bleift och bestoen : President ass de Mike Molling Vertrieder vun der Gemeng Bous-Waldbriedemes, Vizepresident ass de Bruno Renders aus der Gemeng Lenneng, Haaptkoordinator ass de Gérard Willems aus der Gemeng Schengen, Sekretär ass den Daniel Schmit aus der Gemeng Bous-Waldbriedemes, technesche Beroder ass de J-P Schengen vu Réimech, 2.technesche Beroder ass de Luc Mangen aus der Gemeng Duelem, Vertriederin vun der Gemeng Stadbriedemes , Mayke Lentz-Herbrink ass zoustänneg fir Newsletter, de Vertrieder vun der Gemeng Munneref ,Sven Flammang këmmert sech em d’Internet- a Facebook-Säiten.