D’Benevolë vu Byborg Enterprises hunn en immenst Engagement gewisen andeems si dobäi gehollef hunn, d’Uebstbeem am Déierepark vum Haus am Klouschter, engem vun den Zentre fir Leit mat enger Behënnerung vun Elisabeth, ze schützen.
Hir Aktioun huet dozou bäigedroen, eis Ëmwelt ze erhalen an och wäertvoll Begéinungen tëschent den Awunner an de Benevolë gefërdert. Mir soe Byborg Enterprises villmools Merci fir hir Ënnerstëtzung an hir super Aarbecht!