Generalversammlung vun der Amicale des Anciens SPUERKEESS

Grousse Joresréckbléck vun der Amicale des Anciens SPUERKEESS


Viru kuerzem war d’Generalversammlung vun der Amicale des Anciens SPUERKEESS.


De President Fränz Pauly huet d’Memberen häerzlech begréisst a sech fir déi grouss Participatioun bedankt. Insgesamt haten sech 58 Memberen am Konferenzsall 19LIB vun der Spuerkeess afonnt. A senger Usproch ass hien dann op d’Evolutioun vun de Memberszuel agaang wat unhand vu Statistiken déi de Raymond Suhren opgestallt hat, flott illustréiert gouf. Duerno ass deenen 9 Membere geduecht ginn déi zënter der leschter Generalversammlung verstuerwe sinn.


De President vum Verwaltungsrot vun der SPUERKEESS Camille Fohl ass iwwert Video zougeschalt ginn an huet zesumme mat der Direktesch vun der SPUERKEESS Françoise Thoma en detailléierten Iwwerbléck iwwer déi 5 Piliere vun der SPUERKEESS hirer Strategie fir déi nächst Jore ginn.


Uschléissend huet de Sekretär Mario Reding den Aktivitéitsbericht vun 2025 a Form vun enger Powerpoint-Presentatioun mat ville Fotoe virgestallt.


Hien ass am Detail op déi insgesamt 13 Aktivitéiten agaang. Dorënner waren: eng grouss Flosscroisière vu 7 Deeg op der Saône an dem Rhône, 7 Visitte vu Lëtzebuerger Betriber, Institutiounen an Sehenswürdegkeeten am Land, wéi z.B. de Pretemer Haff, LUXTRAM, den EuGH, d’Luga, Kiowatt, de Musée Henri Tudor, een Trëppeltour am Mëllerdall kombinéiert mat der Visitt vum Aquatower zu Bäerdref, e groussen Dagesausfluch an de Bundesbankbunker op Cochem an an d’Wäikelleren zu Traben-Trarbach. Zousätzlech gouf eng ganz gutt besichte Konferenz iwwert d’Successiounen an d’lëtzebuergescht Ierfschaftsgesetz organiséiert, déi d’Martine KAYSER vun der Spuerkeess fir d’Amicale gehalen huet. Last but not least war och nach déi grouss „Journée des anciens“ am Restaurant Hesper Park wou dëst Joer 112 Participanten sech et gutt schmaache gelooss haten.


An der Moyenne hu 50 Leit pro Aktivitéit deelgeholl. (Top 3: 112, 76 an 68 Participante).


De Keessier Henri Barnich ass duerno op déi finanziell Situatioun vun der Amicale agaang. Dobäi huet hie missen en Defizit verzeechnen, deen haaptsächlech op déi héich Participatioun vun der Amicale bei verschiddenen Aktivitéiten zeréck ze féieren ass.


Déi 2 Keesserevisoren Marcel Wiltgen an Patrice Garcia hunn him eng exemplaresch Buchféierung attestéiert.


Duerno ass de Fränz Pauly kuerz op déi bis elo 12 geplangten Aktivitéite vun 2026 agaangen, wouvunner hien en 2-Dagesausfluch an Holland, d‘Visitt vun de Dréckerei Editpress, d’Atomzentral Cattenom an eng Konferenz op der Spuerkeess iwwert de Leasing besonnesch ervirgehuewen huet.


Nodeems de Verwaltungsrot d’Decharge vun der Generalversammlung krut, gouf d’Erny MEYLENDER „par acclamation“ op eng fräi Plaz am Verwaltungsrot gewielt.


Den neie Verwaltungsrot setzt sech deemno esou zesummen:

PAULY Fränz (President), SCHMITZ Jos. (Vize-President), REDING Mario (Sekretär), BARNICH Henri (Keessier) an d’Memberen : KINTZELE Nicole, MEYLENDER Erny, NICKELS Norbert, SUHREN Raymond, WEIMERSKIRCH Pierre


Déi 2 Keesserevisore Marcel WILTGEN a Patrice GARCIA sinn „par acclamation“ fir e weidert Mandat vun engem Joer gewielt ginn.


Zum Schluss gouf e Patt mat engem klenge Maufel vun der Spuerkeess offréiert. Iwwerdeems gouf eng Foto- a Videoshow iwwert d’Aktivitéite vun 2025 gewisen.