Happy Birthday
D‘Marechen Sonnenberg-Faber huet hiren 102e Geburtsdaag gefeiert.
Bartreng. Mat 102 Joer nach fit ze sënn, dat Gleck huet d’Tata Marechen a genéist hire Liewensowend am Pflegeheim zu Bartreng. Den 9. Dezember koumen kurz virun Mëtteg déi geluede Gäscht am Zëmmer beim Marechen un, an all Kéier wann ee bäikomm ass huet si gelaacht, ën begréist a direkt gesoot „komm huel dir Plaatz“. Et huet een dem Marechen ofgesinn dat si sech richteg gefreet huet.
Dunn, pünktlech um 12 Auer goung ët an de Restaurant a jiddereen konnt „à la carte“ daat eraussichen, op dat heen Loscht hat. Déi letzt Neiegkeeten sënn an enger richtiger häerzlecher Stëmmung ausgetosch ginn.
Dem Marechen seng Aën hun en apaarte Glanz krut an hat war wiirklech glécklech nach eng Kéier am Krees vun der Famill dat éischt Steck vum Geburtdaagskuch ze schmaachen a mir ruffen him haut zou „ multos annos adhuc futuros“.
(Photo:Carole Prim/Text:Edmond Faber) Edmond Faber via Mywort