Commemoratiounsfeier zu Hinzert

KZ Gedenkstätte Hinzert/Rheinland-Pfalz

Mir wiiren Iech dankbar wann Dir och dësen Artikel am Wort kënnt publizéieren virum 12. September, well d'Leit sech mussen umellen. Merci.

Commémoratiounsfeieren am SS-Sonderlager / KZ-Hinzert

Lëtzebuerg / Hinzert. E Samschdeg, den 20. September 2025, organiséiert de Comité pour la Mémoire de la Deuxième Guerre Mondiale zesummen mat der Amicale des Anciens de Hinzert wéi all Joer eng Commémoratiounsfeier am fréiere KZ zu Hinzert.

Dëst Joer sinn et 80 Joer, datt d’SS-Sonderlager / KZ Hinzert befreit gouf.

Programm vum Dag:

*11.30 Auer: International Gedenkfeier

*13.00 Auer: „Mittagsimbiss“

*14.00 Auer: Lëtzebuerger Feier

*15.30 Auer: d’Busse fueren an de Bësch bei d’Griewer vun den ermuerte Lëtzebuerger

Resistenzler vun 1942 an 1944.

D’Leit, déi bei dëse Commémoratiounsfeieren wëllen derbäi sinn, hunn d’Méiglechkeet, fir gratis mam Bus op Hinzert ze reesen.

D’Horairë vun deenen dräi Bussen, déi den 20. September 2025 op Hinzert fueren.

Bus A (Autobus STEPHANY)

8.25 Ëlwen / Gare

8.30 Ëlwen / Gemeng

8.45 Housen / Kierch

9.05 Ettelbréck / Gare

9.15 Dikrech / Gare

9.25 Bettenduerf / Gemeng

9.30 Reisduerf / Gare

09.55 Iechternach / Bus-Gare (Cactus)

11.00 Hinzert

Bus B (Voyages SIEDLER-THILL)

9.35 Nouspelt - Eglise (Chouer)

11.10 Hinzert

Bus C (Voyages SIEDLER-THILL)

8.25 Käl / Brillplaz

8.45 Déifferdeng / Parking Contournement

9.00 Nidderkäerjeng / Brauerei Bofferding

9.10 Schuller / Busarrêt Hiel, rue de Dahlem

9.30 Lëtzebuerg-Glacis – Croix-Rouge

09.55 Miersch / Centre Marisca

10.25 Waasserbëlleg / (P+R Autobunn op der Grenz - Richtung Tréier)

11.10 Hinzert

*Den Départ vun de Bussen fir z’réck op Lëtzebuerg ass géint 17.00 Auer.

*An all Bus hänkt e Schëlt mat „HINZERT – BUS (A, B oder C).

*D’Umeldung fir déi dräi Bussen kënnt Dir beim Här Edmond Faber, President vun der Amicale Hinzert, maachen:

Tel: 80 26 12 oder 691 80 26 12 (owens tëscht 18.00 an 20.00 Auer) oder per E-Mail edmfaber@pt.lu bis spéitstens e Freideg, den 12. September 2025.

*Fir datt d’Busse mat Zäit zu Hinzert ukommen, mussen d’Zäite vum Fuerplang genee agehale ginn!

*Well d’Parkméiglechkeeten um Site ronderëm den Dokumentatiouns-Zenter ganz begrenzt sinn, sollen d‘Leit, wann nëmme méiglech, vun de Busse profitéieren oder „Fuergemeinschafte“ maachen.

Déi Leit, déi Moies mat hirem Privatauto op Hinzert wëlle fueren, sollen sech och bis spéitstens e Freideg, den 12. September 2025 beim Här Faber umellen an uginn wéivill Leit matkommen, dëst wéinst der Organisatioun vum „Mittagsimbiss“. Photo: Heike Rost.

Edmond Faber via mywort