Lull Gillen 2012


Dëst Joer waren et 2043 Participatiounen déi 136.754 km zeréckgeluecht hunn.
A 17 Joer ass dat een Total vun 30.267 Cyclisten déi 1.871.397 km gefuer sinn.

E groussen Deel vun de Recettë gëtt dëst Joer un d'Amicale vum I.M.C., déi eng wäertvoll Aarbecht am Interessi vun den handicapéierte Kanner mécht.
Den Don gëtt de 15. Oktober 2012 um 19:30 an der ArcA iwwerreecht.
Bei dëser Geleeënheet kréien och Gewënner vun der Coupe Lull Gillen hier Trophéen.
An der Kategorie DamesHorsmans vu Wecker.
Bei den Hären: Marc Thoma vum Bridel.
Coupe vum Buergermeeschter Frank Colabianchi ass gewonne gi vum:
Jesper Woidemann.
Déi bescht Equipe dëst Joer ass de L.C. Kayl.
Bis elo hunn 9 Cyclisten d'Zuel vun 100 Participatiounen erréicht:
Meylender Claude
Meysembourg Leon, mat 81 Joer den eelste Participant!!
Reicher Willy
Urbain Jos
Wahl Francis
Kuffer Jean, 1.ten Bartrenger
Wagner Edouard
Feipel-Simon Viviane, 1. Dame
Feipel Jean-Claude.
De jéngste Participant deen dëst Joer déi 6 Deeg gefuer ass, ass den 11 Joer jonke Pol Risch vun Heisdorf.

Den 1.ten MEMORIAL LULL GILLEN
ass Sonndes, den 30. September 2012
zu Bartreng.

Och dës Manifestatioun zu éiere vum Lull Gillen ass op fir ALL Cyclisten, lizenséiert oder net.

Depart ass am Centre Atert vun 8 Auer un. Lescht Arrivée 15 Auer.

Déi 3 Strecken, 30, 60 an 90 km,an d'Reglement sinn um Site:
www.6dayslullgillen.lu nozekucken.
Fir weider Informatiounen: 621134869