Memorial Lull Gillen


Zu éiere vum Lull Gillen, laangjärege President vum Panathlon Lëtzebuerg an dem de Bartrenger Velosclub Le Guidon, organiséiert säi Veräin den 30. September den éischte
Memorial Lull Gillen.
2o Joer war de Lull Gillen e ganz erfollegräiche Profi, dee virun allem op der Piste aktiv war.
Hien gouf 18 mol Lëtzebuerger Sprintmeeschter an an der Verfolgung.
1949 gouf hie Vize-Weltmeeschter hannert dem Fausti Coppi an der Verfolgung bei den Amateuren.
Den 20. November 1955 huet de Lull Gillen e Weltrekord iwwer fënnef Kilometer an der Hal, op der 200 Meter laanger Piste am „Palazzo dello Sport“ zu Mailand, a 6:19,40 opgestallt.

De Lull Gillen ass 123, der richteger Sechstagerennen, gefuer.
1948 in New York e puer Deeg no sengem 20.Gebuertsdag ass hien säin 1 SixDays zesumme mat dem Mathias Clemens gefuer. Si goufen déi 2t.
10 Sixdays huet de Lull gewonnen dovu 5 mat dem Italiener Ferdinando Terruzzi.

Den Depart vun dem Mémorial ass um 8 Auer am Centre Atert zu Bartreng. Dräi verschidde Strecke stinn de lizenséiert oder Hobbycyclisten iwwer 30, 60 oder 90 km zur Verfügung. Jidderee bestëmmt seng Vitesse selwer muss awer viru 15 Auer erëm zu Bartreng zréck sinn. Parcoursen si komplett gezeechent an och fir de Ravi ass gesuergt.
5€ ass de Participatiounpräis.