Ronn Gebuertsdeeg am P3A zu Bartreng
Deslescht sin am Parc du 3e Âge zu Bartreng erëm déi Ronn Gebuertsdeeg gefeiert gin.
Zu Eieren sind d'Jubilaren komm, déi vum Januar bis Abrëll e ronnen Gebuertsdag haten. Vun 60 Joer bis 100 Joer war alles vertrueden.D'Amicale huet all Geéierten en klengen Kado iwwereecht an zesummen mam Musikant Jeannot Conter as en kräftegen Happy Birthday gespillt a gesongen gin. D'Kichen hat e wonnerbaren Kuch prépareiert, deen mer eis All gut schmache geloss hun. Och gouf eng Kippchen normal oder "bläifräi" servéiert. Mat flotten Melodien aus dem Jeannot sengem Keyboard as den Nomëtteg virun gangen an deen Een oder den Aneren huet sech zu engem Dänzchen hireissen geloos.Sou as e flotten Nomëtteg op en Enn gagen an et gouf sech versprach déi Feier all Quartal ze viderhuelen.