Bauschelter Musik- Galaconcert 2026 bei vollem Haus


Bauschelt: Och dest Joer war et fir di Bauschelter Musik eng besonnesch Freed bei vollem Haus an der Kierch vu Bauschelt villen Musikliebhaber bei hirem dësjährigen Galaconcert e puer angenehmer Stonnen ënnert der Direktioun vun hirem Chef Pierre Schyns ze bidden. E flotten Programm konnt d’Moderatorin vum Owend, Justine Metscher ukënnegen, wou bekannt a manner bekannt Melodien vu verschiddenen Komponisten an Arrangeuren vun der Bauschelter Musik zur Opféierung koumen. Am éischten Deel vun insgesamt 10 Musikstécker waren ënner aanerem „Carmina Burana“, mat „Dublin Dances“, bis hin zu „The Beauty and the Beast“. Zum zweeten Deel vum Owend war et wie „Alcazar“, „Oblivion“ an „Italo Oldies“ déi och vum ganzen Orchester mat vill Applaus honoréiert goufen. No denen vun engem dankbaren Publikum gefuerdeten Zugaben war et um President Arny Jakobs fir sengen Musikanten mat hirem Chef an der Moderatorin säin oprichtigen Merci auszespriechen an dobéi seng besonnesch Freed eng nei Musikantin an de Reihen vun der Bauschelter Musik haerzlich wëllkomm ze heeschen. Besonnesch stolz war de President awer och, iwert di nei jonk Memberen, déi sech bereet erklärt hun, fir an Zukunft am Komitee matzeschaffen. Dem Publikum mat alle Gönner a Sponsoren, dem Abbé Marco Wehles, zesummen mat dem Supporterclub an der Gemengeverwaltung gouf et vill Luew an Unerkennung fir hir Presenz an Ënnerstëtzung. E schéine Bouquet Blummen war den Dank fir den Dirigent Pierre Schyns fir seng exakt Leedung vun desem Galaconcert 2026 an der Moderatorin vum Owend, Justine Metscher fir hir besonnesch gut Erklärungen vun denen verschiddenen Musikstécker. Bei flottem Zesummesin huet de Galaconcert vun der Bauschelter Musik säin würdigen Ofschloss fond. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)