UGDA- Auszeechnungen bei der Musek Gemeng Bauschelt



Bauschelt: Säit Joeren gëtt den Caeciliendag traditiounsgeméiss vun der Musek Gemeng Bauschelt gefeiert. No der Caeciliemass, zelebréiert vum Abbé Marco Wehles di deelweis vum lokalen Gesangveräin mam Daniel Roemen op der Uergel an zesummen mat der Musek Gemeng Bauschelt encadréiert gouf, ass de President vun der Musek, Arny Jakobs uschléissend beim Apéritif op d’Wichtigkeet vun desem Dag agaangen, den och an Zukunft weidergefuert soll gin. Zesummenhaalen soll och weiderhin gefuerdert gin, zumol d’Musek Gemeng Bauschelt den 85. Gebuertsdag am kommende Joer feiere kann. Ënnert der Presenz vum Buergermeeschter Jeff Gangler, de Gemengeconseillers Guy Ngatcha an Antoine Nanquette, dem Supporterclub, hat de Robert Köller als Member vum Zentralcomité vun der UGDA di grouss Éier, de Christophe Lorang mat der „Médaille de mérite en bronze“ fir 10 Joer Aktivitéit als Musikant auszezeechnen. De Roger Roemen, zënter iwer 60 Joer der Bauschelter Musik trei gebliwwen an leider nit den Dag konnt derbéi sin, konnten seng béid Jongen stellvertrietent „d’médaille de mérite en vermeil Grand- Duc Adolphe“ an Empfank huelen. Beim Schlusswuert an no sengen Gléckwënsch huet de Robert Köller alle Musikanten mat hirem Virstand weiderhin nach vill Freed an der Musek a fir dat nächst Joer schon vill Erfolleg zum 85. Veräinsjubiläum gewënscht. (CR) (Foto: Charles Reiser)