Schoul Kietscht ënnerstëtzt Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf



8 000 Euro vum Chrëschtmaart weidergin

Kietscht: Et gehéiert schon säit Joeren zur schéiner Traditioun fir den Chrëschtmaart vun der Kietschter Schoul zesummen mat der Maison Relais ze organiséieren. Den Erléis vun desem Event könnt wi all Joer enger gudder Saach zugut. Am Kader vun enger Scheckiwerreechung am Hall vun der Zentralschoul, war et de Paul Hermes, den als President vun der Schoul sämtlichem Personal , der Gemeng, Elteren mat de Kanner villmols Merci gesoot huet fir hirt kommen an hirt Engagement, esou dat de Chrëschtmaart och e vollen Erfolleg konnt gin. Fir de Scheck vun 8 000 Euro huet d’Line Jacoby sech ganz häerzlich bedankt, den der Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf Miersch zugut könnt. Dess Suen gin ganz wirkungsvoll agesaat, fir di véier pädagogisch Projeten am Kannerduerf och finanziell ze ënnerstëtzen fir de Kanner weiderhin och nach vill Freed ze schenken. (CR) (Foto: Charles Reiser)