Bauschelt: Säit Joeren gëtt de Caeciliendag traditiounsgeméiss vun der Musik Gemeng Bauschelt gefeiert. No der Festmass, zelebréiert vum Paschtouer Patrick Hubert, déi deelweis vum lokale Gesangveräin ënnert der Leedung vum Jang Wio mam Daniel Roemen op der Uergel an zesumme mat der Musikgesellschaft encadréiert gouf, ass de President Arny Jakobs beim Apéritif op d’Wichtigkeet vun dësem Dag agaangen. Zesummenhaalen an derbéi bleiwen sollen och weiderhi gefuerdert ginn. Nodeems dat de President de Programm vum Ënn vum Joer kuurz virgestallt huet an de Laureaten fir hirt Engagement gratuléiert huet, goufen folgend langjährig Musikantinnen a Musikanten a Presenz vum Buergermeeschter Jeff Gangler an der Schëffin Félicie Reuter, dem Supporterclub an dem Mym Roettgers- De Rond, Delegéiert vun der UGDA, ausgezeechent. Den President Arny Jakobs huet eng „médaille en argent Grand- Duc Adolphe“ fir 50 Joer Aktivitéit ugespengelt kritt. D’Simone Koch, säit 20 Joer aktiv Musikantin ass mat der „médaille de mérite en argent“ ausgezeechent gin. Fir 10 Joer bei der Bauschelter Musik konnt den Pit Jakobs sech iwert eng „médaille de mérite en bronze“ ganz besonnesch freeën. No de Gratulatiounen vum Buergermeeschter Gangler huet d’Mym Roettgers- De Rond am Numm vum Zentralcomité vun der UGDA dene Géierten mam Virstand vun der Bauschelter Musik weiderhin vill Freed un der Musik an och vill Erfolleg fir Zukunft gewënscht. (CR) (Foto: Charles Reiser)