Ugda- Ofzeechen a Medaillen sin bei der Musik Gemeng Bauschelt iwwerreecht gin

Am Kader vum alljährlichen Caeciliebanquet sin och dest Joer laangjährig a verdiengschtvoll Musikanten vun der Musik Gemeng Bauschelt mat Ugda- Ofzeechen a Medaillen honoréiert gin. No de Gleckwënsch vum Präsident Arny Jakobs , der Schëffin Chantal Schumacher- Brink an dem Ugda- Vertrieder Roby Mamer sin dunn folgend Musikanten géiert gin. D'Ugda- Ofzeechen fir fënnef Joer sin dem Zoé Jakobs, Line Kayser, Lise Kayser a Patrick Nommesch iwerrreecht gin. Eng Bronzemedaille fir 10 Joer gouf et fir Jessica Albers, Kief Albers a Laure Guyot. Mat enger Sëlwermedaille fir 20 Joer ass de Roland Brachmond dekoréiert gin. Fir 30 Joer krut Nathalie Wio- Engel eng " médaille de mérite en vermeil" an fir 40 Joer musikalisch Aktivitéit ass de Jean- Paul Schumacher mat der " médaille en vermeil avec palmette geéiert gin.
FOTO: CHAREL REISER)
Méi heivunner an den nächsten Deeg am L. Wort ze liesen.