Adventsfënsteren an der Gemeng Beefort

Nom grousse Succès bei der éischter Editioun huet d’Beeforter Kulturkommissioun och dëst Joer d’Aktioun Adventsfënsteren organiséiert. All Dag gouf eng Fënster dekoréiert mat Motiver vum Advent an/oder Chrëschtdag opgemeet. Wéinst der aktueller Situatioun huet een dëst Joer op eng kleng Bekäschtegung misste verzichten. Bis op den 2. Dezember gouf all Dag eng Fënster opgmeet.


Den Optakt hunn d’Pompjeeë gemeet an dat hat ee symbolesche Charakter. Den 1. Dezember oder 1.12 ass nämlech den Noutruff 112. Nieft de Pompjeeën hu sech och de Grupp Frère Roger vun de Guiden a Scouten, de Cycle 1.1 (Klasse vum Anne Paulus a Susi Wagener) a Familljen un der Aktioun bedeelegt.


Nach bis de 6. Januar kann een déi verschidde Fënsteren zu Beefort an zu Déiljen kucke goen.