Nationale Gedenkdag zu Beefort

Den nationale Gedenkdag erënnert all Joer un d’Resistenz vum Lëtzebuerger Vollek während der Occupatioun an der schwéierer Zäit vun 1940 bis 1945. Den Ursprung vun der “Journée de commémoration nationale” geet op den 10. Oktober 1941 zréck. De Chef vun der Zivilverwaltung Gustav Simon huet deemools eng “Personenbestandsaufnahme” am vun Nazidäitschland besate Lëtzebuerg organiséiert.


Ënnert den eelef Froen hunn der dräi besonnesch erausgestach. No den éischten typesche Froen iwwert ënner anerem dem Numm a Gebuertsdatum war déi fënneft Fro mat engem gewëssenen Hannergedanke verbonnen: “Jetzige Staatsangehörigkeit”. Bei der siwenter Fro huet ee misse seng “Muttersprache” schreiwen. An der Erklärung ënnendrënner gouf drop higewisen, datt d’“Dialekte (Mundarten) ewéi zum Beispill lëtzebuergesch oder plattdäitsch nët als Mammesprooch gëllen. Ëm d’”Volkszugehörigkeit” goung et bei der aachter Fro. Hei gouf Folgendes an der Erklärung ënnerstrach: “... Es soll auch nicht die Stammeszugehörigkeit (wie z.B. luxemburgisch, bayrisch, sächsisch) eingetragen werden. Ein Bekenntnis zu zwei Völkern ist nicht möglich. ...”.


Eng grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger huet op dëse Froe mat “Lëtzebuergesch” geäntwert. Den 11. Oktober gouf déi ganz Aktioun kuerzerhand annuléiert éier dat offiziellt Resultat verkënnegt gouf. D’”Personenbestandsaufnahme” war vun de Lëtzebuerger an eng Zort Referendum fir hir Eegestännegkeet a géint d’Besatzung ëmgewandelt ginn.


Agefouert gouf den nationale Gedenkdag am Joer 1946 an dobäi erënnert sech Lëtzebuerg u seng Awunner, déi während der Nazibesatzung an der Resistenz aktiv waren, a Prisongen oder Aarbechts- a Konzentratiounslager verschleeft goufen, ëmgesidelt an/oder an d’Wehrmachtsuniform gezwonge goufen. D’Haaptfeierlechkeete ginn an der Stad ofgehalen an dëst Joer gouf a Präsenz vum Grand-Duc Henri eng Plack op der Stater Gare enthüllt a si erënnert un d’Leed vun de Fraen zu där Zäit. 3.614 Meedercher a jonk Frae sinn an de “Reichsarbeitsdienst” gezwonge ginn an 58 vun hinnen hunn hir Heemecht nët méi erëmgesinn.


Zu Beefort gouf sech wéinst den aktuelle Sécherheetsregelen an Hygiènemesuren an engem klenge Kader erënnert. An der Gedenkmass ass d’Pastoralassistentin Josiane Mirkes ass op déi schwéier Zäit vun deemools agaangen an huet Vergläicher mat der heiteger Zäit gezunn. Uschléissend huet de Schäfferot eng Gerbe beim Monument aux Morts nieft der Kierch néiergeluecht a musikalesch gouf d’Gedenkfeier vun de Chorale Sainte Cécile Beefort a Sang mat Waldbëlleg/Haler encadréiert.