Spillvakanz zu Befort


Vum 3. bis den 12. August 2011 ass nees d'Spillvakanz zu Befort an der Jugendherberg. Eng Kolonie, organiséiert vum SNJ (Service National de la Jeunesse) an Zesummenaarbecht mam Groupe Animateur.

Op dëser Kolonie erwaart déi 50 Kanner vu 7-10 Joer wéi all Joers dann och sou Munches, wéi de Reklammtext verréit:
"Hellblot Mier, e gëllene Strand, Villercher déi sangen, ? KABUMM! Mat dësem Geräisch sinn d'Awunner vun der Insel Alua aus hirem Dram gerappt ginn a sichen elo dringend 50 Kanner, déi hinnen hëllefen dësem geheimnisvolle Geräisch op d'Spuer ze kommen! Nieft dëser spannender Geschicht erwaarden dech an deng Frënn vill flott Spiller dobannen an dobaussen, Bastelatelieren a vill Iwwerraschungen zu Befort op der Spillvakanz!"

Momentan sinn och nach e puer Plaze fräi, et ass also nach méiglech sech unzemellen! D'Kolonie kascht 250 €, e Präiss an deem alles abegraff ass - vun der Iwwernuechtung iwwer d'Iesse bis hin zur Betreiung an der Animatioun déi vun 12 qualifizéierten Animateure garantéiert gëtt.
Umelle kann ee sech am beschten iwwer Internet um Site vum Groupe Animateur: http://www.groupe-animateur.lu