Programm 2012 vum Groupe Animateur


Viru kuerzem ass deen neie Programm mat allen Camps, Kolonien, Weekender a Formatiounen, déi de Groupe Animateur 2012 an Zesummenaarbecht mam Service National de la Jeunesse ubitt, erauskomm.

Um Programm stinn dobäi net manner wéi 16 Kolonien a 7 Weekender, déi alleguer hei am Land stattfannen a sech u Kanner a Jugendlecher vu 4 - 17 Joer riichten. D'Aktivitéite sinn an Altersgruppen agedeelt a verdeele sech op all d'Schoulvakanzen a verschidde Weekender. Am Summer stinn natierlech déi meescht Kolonien um Programm.

Nei ass dëst Joer ënner anerem den "Check-in", eng Kolonie fir 14-17 jähreg Jugendlecher, déi am September stattfënnt; dëst mat engem innovative Konzept, wat fir vill Action an Ofwiesslung beim Stauséi zu Lëlz wäert suergen.

A ween tëscht 8 an 12 Joer al ass an nach näischt an der Fuesvakanz vir huet, dee ka sech nach op der Fueskolonie zu Beefort umellen.

Encadréiert ginn all dës Aktivitéite vun Animateuren, déi eng Formatioun beim SNJ a beim Groupe Animateur gemaach hunn an dëst an hirer Fräizäit a mat vill Engagement an Idealismus maachen.

Wie selwer Loscht huet als Animateur op esou Aktivitéite matzegoen, dee sief dann och op de Formatiounsprogramm higewisen. 3 Formatiounswochen a 17 Formatiounsweekender ginn dëst Joer nees ugebueden. De Mindestalter fir mat der Formatioun unzefänke läit bei 16 Joer. D'Formatioun féiert zum Brevet "Animateur", dee vum Famillieministär ausgestallt gëtt.

Méi Informatiounen an de ganze Programm fannt Dir op:
http://www.groupe-animateur.lu

More news by GROUPE ANIMATEUR >