Avenir Beggen – Etzella Ettelbréck 2-0

D'Wiichtelcher feieren am véierten a leschten Testmatch virum Optakt vun der Réckronn hier 4.Victoire an dat géint e Géigner, deen d'lescht Saison nach an der BGL Ligue gespillt huet.

Beggen huet stiermesch ugefaangen an no 7' huet de kampf- a lafstaarken Denigro de wonnerschéinen 1-0 markéiert, wéi hien de Ball aus ca. 15m iwwer den Hahm an de rietse Wénkel gezierkelt huet. Den Avenir huet den Drock héich gehal a schon an der 18.' sollt den 2-0 fir d'Lokalequipe falen, wéi erëm den Denigro fräi virum Goal stoung an ëm Ettelbrécker Keeper keng Chance gelooss huet, dat Ganzt no schéinem Zouspill iwwer riets. Bis d'Paus sollte keng Goaler méi falen, mä no an no huet d'Etzella sech d'zréck an de Match gekämpft.

An der 2.Halschent waren d'Gäscht, fir déi dunn och de fréiere Beggener Vieira um Terrain stoung, iwwerleeën, mä beim Avenir huet een exemplaresch fir deen anere gekämpft an d'Verdeedegung stoung zimlech gutt. Offensiv hat d'Etzella elo vill méi opweises wéi nach virun der Paus, mä hier meescht Ofschlëss waren ze onpräzis a wann se emol direkt Richtung Goal komm sinn, konnt de Mersch jeeweils klären. Beggen konnt just seelen fir Entlaaschtung suergen, an aus deene puer Kontersituatiounen ass och näischt méi erausgespronge, esou datt et beim 2-0 bliwwen ass.

[ Quell: www.wichtelweb.net ]