Avenir Beggen - Harel/Iischpelt 1-1

Virun enger stëmmungsvoller Kuliss trenne sech d'Kellerkanner aus der Éirepromotioun an engem intensive Match mat engem gerechten 1-1.

No enger Véirelstonn haten d'Wiichtelcher hier éischt Chance, mä ëm Nzita säi Kappball no Corner vum Hamilton war einfach ze schwaach. Mä scho bei der nächster Aktioun soll et rabbelen: den Troncao huet den Denigro an d'Déift geschéckt, deem seng Abseitspositioun gouf net ofgewonk, an hien huet sech net biede gelooss an am Elenggang den 1-0 fir den Avenir geschoss. No 21' haten d'Gäscht hier éischt Chance duerch en Distanzschoss. 5' drop krute si e Fräistouss um Bord vum Strofraum gepaff: den Tribolet huet dee wonnerschéin Richtung Wénkel gezierkelt, mä de Chrismousse huet dee mat enger mindestens genau esou flotter Glanzparad gehalen.

Am direkte Géigenzuch ass de Melchior vill ze wäit aus sengem Goal erauskomm, den Hamilton konnt laanschtzéien, mä säi Schoss aus ronn 18m ass laanscht gaangen. An der 31.' huet den Hamilton den Denigro servéiert, deen aus ca. 13m ëm Goalkeeper riicht an d'Hänn geschoss huet. An der 39.' ass e Fräistouss vun Harel-Ischpelt aus ronn 20m och derlaanscht gaangen, an der 41.' huet sech de wibbelegen Troncao schéin op riets duerchgesat a seng Flank ass perfekt op ëm ganz fräien Denigro säi Kapp komm, mä deen huet keng Kraaft hannert de Ball bruet, esou datt de Melchior keng Méi hat. Dëst war bei wäitem déi bescht Beggener Chance fir den 2-0. An der 42.' krut Harel nach e Fräistouss gepaff. Dësen ass zwar an d'Mauer gaang, mä den Noschoss ass just knapp iwwer d'Laatekräiz geflunn. An der Nospillzäit vun der 1.Halschent sollten d'Gäscht et dunn nach färdeg bréngen, no engem Corner aus 2m driwwer ze käppen.

D'2.Halschent ass dunn e bëssen méi gemittlech iwwer d'Bühn gaangen. Beggen haat de Gros vum Ballbesëtz an et huet geschéngt, wéi wann et just nach eng Fro vun der Zäit wier, éier d'Virentscheedung sollt falen. Mä grad an déi Phase haat Harel ee Konter: den Nicolas dréngt op lénks an de Strofraum an, zitt awer no riets a Richtung Cornerefändel de Chrismousse kläert him de Ball aus de Féiss an den Arbitter weist op de Punkt!

Den Duraku huet sech net biede geloosss an zum 1-1 markéiert (67.'), daat nennt ee dann wuel ausgläichend Gerechtegkeet en vue vum Abseitsgoal vum Denigro aus der 1.Halschent. 2' méi spéit gouf e Schoss vum Denigro gehal, an der 80.' koumen d'Gäscht eréischt zu hirer nächster Chance iwwer lénks, mä de Chrismousse ass Meeschter an där Situatioun bliwwen. Beggen huet sech zum Schluss zwar beméit, mä d'Kreativitéit huet gefehlt a virum géigneresche Goal gouf alt dacks erëm ze ëmständlech agéiert.