Aweihung vun engem Insekten-Hôtel

Läschte Samschdeg hun déi Beggener Biber hiren „Insekten-Hôtel“ um Eecherfeld ageweiht. A villen Aarbechtsstonnen hun déi Kleng (bis 8 Joer) mat hire Chefs eng Art Kréibänk gebaut déi se mat Holz, Hebelbléck, Bëndele Stréi asw gefëllt hun fir esou den Insekten eng Ideal Plaaz fir ze „wunnen“ z‘erschaafen.

An Zaiten wou ganz Beie-Völker ausstierwen as et wichteg déi ganz Jonk schons elo drop ze sensibiliséieren dat all Insekt och am biologesche Glaichgewiicht seng Aufgab erfëllt an et duerfir wichteg as ët ze erhaalen, respektiv ze schützen.

Hire „Bau“ as der a.s.b.l.vun de Weimeschkiircher Scouten gewidmet déi de Bibertrupp vu Beggen finanziell ënnerstetzt fir dat och déi jéngst schon de Scoutismus/Guidismus erliewe kënnen.