50. Anniversaire mat Scheck Iwwerreechung

Viru kuerzem huet d’Associatioun vum Grupp vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten St. Schetzel Weimeschkiirch am Kader vun enger feierlecher Mass hire 50. Gebuertsdag gefeiert.

1964 gouf op Initiativ vum deemolege Paschtouer an Aumonier Henri Treff des a.s.b.l. an d’Liewe geruff. Sie war geduecht fir als juristesch Persoun de Chef vum Grupp zur Sait ze stoen an hinnen ze hëllefen fir hir Aufgab bei de Lëtzebuerger Scouten besser ze meeschteren. Mee et as deemols net nëmmen eng Associatioun um Pabeier entstaanen well et gouf saithir och kräfteg bei allen Aktivitéiten vum Grupp mat ugepaakt a lues a lues as dorauser och e Grupp Frënn gin.

D’Freed iwwert de 50. Gebuertsdag sollt awer och mat aanere Leit gedeelt gin an duerfir as e Scheck un d’ONG „Guiden a Scouten fir eng Welt“ iwwerreecht gin. Des ONG betreit Projet’en iwwerall op der Welt – Senegal, Nigeria, Indien, Bolivien, Bosnien asw – déi nët nëmmen finanziell ënnerstëtzt gin, mee déi jonk Guiden a Scouten gin och selwer op d’Plaaz fir eng Hand mat unzepaaken.

Nodeems Blummen um Graaw vum fréieren Gruppechef Nic Schintgen niddergeluegt goufen, as am Restaurant „La Pyramide“ zu Gonneréng den Daag wierdeg gefeiert gin.