Coupe-Match elo zu Bus, Test zu Lëntgen ofgesot

D'Preparatioun vum Avenir Beggen op d'Réckronn fänkt u komplizéiert ze ginn, well och de Frëndschaftsmatch vun haut den Owend zu Lëntgen huet missen ofgesot ginn, wat schonn déi drëtten Ofso ass. ERRATUM: De leschten Test nächsten Donneschdeg (!) doheem géint Sandweiler fënnt just dräi Deeg virum Coupe-Match géint Réimech-Bus statt a bleift momentan emol um Programm.

Fir deen ugeschwate Coupe-Match gëtt et dann nach eng weider Ännerung: nodeems e jo huet misse vu virun der Wanterpaus op de 17.Februar verluecht ginn, huet d'FLF e Mëttwoch matgedeelt, datt elo den Terrain geännert huet: et gëtt net wéi virgesinn zu Réimech um Naturwues gespillt, mä zu Bus um syntheteschen Terrain.

[ Quell: www.wichtelweb.net ]