Päischttournoi 2015

Och dëst Joer wor nees de Päischttournoi vun der Jugendkommissioun vum FC Minerva Lëntgen e groussen Erfolleg.

De ganze Päischtweekend ass et zu Lëntgen um Terrain ronn gaangen. Iwwer 60 Ekippen hunn dat ronnt Lieder iwwert den Terrain gejot. Cadets hunn Samschdes ugefangen. Sonndes woren et Bambinis, Minimes, Scolaires an owes esouguer Mammen an Pappen. Méindes hunn Pupilles an Poussins den Ofschloss vun deem laange Weekend gemeet. Wieder huet och gutt matgespillt bis e Méinden de mëtten wou den Tournoi 20 Minutten huet missen ënnerbrach ginn wengst engem kräftege Donnerwieder. Et wor e gelongenen Tournoi deen ouni déi fräiwëlleg Hëllef vun ville Leit net meigelech gewiescht wier. Merci hinnen all an awer och de Supporteren an de Leit déi de Wee op Lëntgen fonnt hunn fir déi jonk Spiller z'ënnerstëtzen.