FC Avenir: Keen 1.Training - Goalkeeper engagéiert

Trotz dem ville Schnéi deen déi lescht 2 Deeg gefall ass, war ursprénglech geplangt, datt virgëschter hätt sollen zu Beggen den 1.Training fir d'Preparatioun vun der Réckronn ofgehale ginn. Hate sech e.a. krankheetshalber eng Rei Spiller schon am Viraus ofgemellt, haten eng ganz Partie anerer virgëschter Owend de Problem, iwwerhaapt duerch de Schnéichaos op Beggen ze kommen. Doduerch waren d'Trainere Pedro Rosal an Oli Berscheid leider gezwonge déi éischt Unitéit am neie Joer ofzesoen, well un e serieuxen Training net ze denke war. En neie Versuch ass dann elo fir haut Donneschdeg virgesinn, wou um erëm um 19h soll trainéiert ginn.

Mat u Bord ass an Zukunft och e weidere Spiller. De Laurent Brandenburger ass e Goalkeeper dee vu Stroossen op Beggen wiesselt an d'Equipe ëm de Goalkeepstrainer Angelo Minisini an d'Keeper Sacha Mersch an Tiago Mendes wäert verstäerken. De Laurent Brandenburger ass 27 Joer al an huet och schon BGL-Ligue-Erfahrung. Laut transfermarkt.co.uk huet de Spiller schon eng Rei Matcher fir de Progrès Nidderkuer gespillt, dorënner och ënnert ëm Lex Wilhelm.

Méi zu dem Thema: http://www.wort.lu/fr/view/laurent-brandenburger-nouveau-gardien-de-beggen-50f67525e4b0092f07fccb7d

[ Quell: www.wichtelweb.net ]