Testmatch: Beggen - Stroossen 1-3

Beggen hat den Owend zwee gréisser Problemer: éischtens war d'Koordinatioun an d'Zesummespill an der Verdeedegung alles anescht wéi ideal a vir hunn d'Spiller dacks ze komplizéiert an ze vill egoistesch agéiert, esou datt den Avenir sech selwer lafe gedinn huet während de Géigner sech den Terrain vill besser agedeelt hat an einfache Fussball gespillt huet.

Mä awer sinn si just duerch eng Schwalb am Strofraum a Féierung gaangen, op déi den Arbitter leider eragefall war. De fällegen Eelefmeter huet d'Una sech zum 0-1 verwandelt (28.'). Vir an der Spëtzt war d'Lokalequipe dacks ee klenge Schratt ze lues, esou datt déi lescht Pass meeschtens net ukomm ass.

Nëmmen 10' no der Paus gouf de Jacobs am Beggener Goal matt engem kuriéisen Goal iwwerwonnen, wéi zwee Beggener Verdeedeger sech géigesäiteg behënnert hunn an de Ball iergendwéi iwwert de Beggener Keeper getrudelt ass an et stoung 0-2. An der 72' huet Stroossen op Konter esouguer nach en drëtte Goal geschoss, well d'Beggener Verdeedegung ze wäit eraus geréckelt war. 7' drop kruten dunn d'Wiichtelcher e Foulelefmeter gepaff: den Denigro huet sech net biede gelooss an op 1-3 verkierzt.

Insgesamt gewënnt Stroossen verdéngt duerch hier méi clevert Spill. Beggen huet et verpasst, esouguer aus deene beschte Geleeënheete Kapital ze schloen, esou hunn z.B. Denigro, Hamilton an Troncao fräi virum Goalkeeper net konnte markéieren.

[ Source: www.wichtelweb.net ]