75 Jar Chorale Mixte Berdorf


Am Kader vun de Feieren vu 75 Jar Chorale Mixte Berdorf a Schmadds de 75. Gebuertsdag gefeiert.

Et war eng richteg schéi Feier mat Apero a guddem Eessen. Niewent verschidden Invitéen waren natierlech all Memberen vun der Chorale Berdorf-Consdorf mat hiere jeweilege Partner mat agelueden.

D’Stëmmung war scho bäim Aperitif ganz locker an d’Leit hunn sech wuel geféilt.

Nom excellenten Eessen ass nach ganz vill zesumme gepotert a gefeiert ginn. Och eng Fotobox huet zu groussem Amusement bäigedron. Su konnt bis an de spéiden Owend rann eng ausgeloosse Stëmmung oprecht erhale ginn.

Bäi der Geleeënheet huet de Veräin dem Camille Meyers an dem Georges Lucas e Kaddo iwwerreecht fir 80 Jar sangen zu Bäertref. Et ass eng rausragned Leestung déi subal keen hinnen nomicht. BRAVO.

D’Mireille Hubert-Birkel ass och zur Éirepresidentin genannt ginn fir hiren onermiddlechen Asaz als Presidentin vum Chouer.

Mir konnten och is aktuell a fréiere Dirigenten an Organisten eng Fläsch iwwerreechen, well mir is ëmmer konnte op si verloossen.

Alles an allem war et eng gelonge Gebuerstdagsfeier an dem Ulass ugepasst.

Foto: Jemp Origer

Text: CBC