Chorale Berdorf-Consdorf um Chrëschtmaart

Chrëschtmaart zu Konsdref

Um 1. Adventsweekend 2025 war den 2. Chrëschtmaart zu Konsdref ugesot, wou och d’Chorale Berdorf-Consdorf matgemaach huet.

Bäi suboptimale Wiederkonditiounen huet den Organisateur et trotzdeem fäerdeg bruecht, mat passender Beliichtung, Musek an Dekoratioun eng heemlech Chrëschtdaagsatmosphär op de Kuerzwénkel ze zauberen. Och déi flott hëlze Chaleten hunn hiren Deel duerzou bäigedroen.

Sou e Chalet krut och d’Chorale zur Verfügung gestallt. Doranner hu mir gebootschte Grompere mat engem Kräiderdipp offréiert, en Iessen, dat ganz gutt bäi de Leit ukomm ass. Den absolutten Highlight op éisem Stand awer war dem Misch seng Feuerzangenbowle. Vill Leit goufe vun der “magescher“ Präparatioun an och vum Doft vun dësem Punsch ugezunn. Geschmaacht huet en natierlech eenzegaarteg gutt.

E wesentlechen Deel vum Erléis huet d‘Chorale fir de gudden Zweck gespent a sech domat der Aktioun vum Organisateur ugeschloss.

Txt & Foto CBC