Generalversammlung Harmonie Berdorf


Bei der Generalversammlung vun der Bäertrëffer Musek den 1. Februar huet de President René Manternach den Här Buergermeeschter Ernest Walerius matt de Schäffen a Membere vum Gemengerot,de Vertrieder vun der UGDA den Här Gilbert Guirsch an all Musikante begréisst.
E Merci goung un d´Gemeng fir hir Ënnerstëtzung , den Dirigent Manuel Ribeiro, all Musikanten , dem Georges fir Homepage vun der Musek ,sämtleche Sponsoren a Gönner.
Eng Gedenkminutt fir de Jos Speller de laangjährege Souschef gouf ofgehalen.
Den Aktivitéitsbericht gouf vum Sekretär Roger Eiffes virgedroen an de Keesebericht vum Lucien Olinger .Am Numm vun de Keesserevisoren huet den Oé Claude dem Keessjee séin Rapport bestätegt.Den André Conrad huet en Ausbléck op Saison 2013 gemaach.
DeMeyers Raymond ass unanime an den Éierecomité opgeholl ginn.
Bei der Geleeënheet vun der Generalversammlung vun der Harmonie den 1. Februar 2013 sinn och verdéngschtvoll Memberen fir hir laangjäreg Aktivitéit ausgezeechent ginn.
Insigne fir 5 Jar Ernzer Jacques, Stangé Kim a Steil Marc.
Médaille de Mérite en Bronze fir 10 Jar Aktivitéit Conrad Martine a Laugs Pierre
Médaille de Mérite en Vermeil 30 Jar Aktivitéit Olinger Lucien
16 Memberen hunn eng Unerkennung kritt fir eng Präsenz bei de Prouwen a Sortien vun iwwert 90 %
D´Schüler vun der UGDA-Musekschoul hun hiren Diplom vum Jar 2012 iwwerreecht kritt
Den Här Buergermeeschter Ernest Walerius an de Vertrieder vun der UGDA den Här Gilbert Guirsch hunn dës Auszeechnunge virgeholl.
No enger Usprooch vum Här Buergermeeschter an dem Vertrieder vun der Ugda ass den Owend bei engem gemittleche Patt zu Enn gaangen.