Generalversammlung Harmonie Berdorf Asbl

GENERALVERSAMMLUNG HARMONIE BERDORF Asbl

Bei der Generalversammlung vun der Bäertrëffer Musek den 7. Februar huet de President René Manternach den Här Buergermeeschter Ernest Walerius matt de Schäffen a Membere vum Gemengerot,de Vertrieder vun der UGDA den Här Gilbert Guirsch an all Musikante begréisst.
E Merci goung un d´Gemeng fir hir Ënnerstëtzung , un all Musikanten , a sämtlech Sponsoren a Gönner.
Eng Gedenkminutt fir den Adolphe Meyers e laangjährege Member gouf ofgehalen.
Den Aktivitéitsbericht gouf vum Sekretär Roger Eiffes virgedroen an de Keesebericht vum Lucien Olinger .Am Numm vun de Keesserevisoren huet den Oé Claude dem Keessjee séin Rapport bestätegt.De President huet en Ausbléck op Saison 2014 gemaach.
De Pierre Daleiden ass unanime an den Éierecomité opgeholl ginn.
Bei der Geleeënheet vun der Generalversammlung vun der Harmonie den 7. Februar 2014 sinn och verdéngschtvoll Memberen fir hir laangjäreg Aktivitéit ausgezeechent ginn.
13 Memberen hunn eng Unerkennung kritt fir eng Präsenz bei de Prouwen a Sortien vun iwwert 90 %
D´Schüler vun der UGDA-Musekschoul hun hiren Diplom vum Jar 2013 iwwerreecht kritt
Den Här Buergermeeschter Ernest Walerius an de Vertrieder vun der UGDA den Här Gilbert Guirsch hunn dës Auszeechnunge virgeholl.
No enger Usprooch vum Här Buergermeeschter an dem Vertrieder vun der Ugda ass den Owend bei engem gemittleche Patt zu Enn gaangen.