Buergbrennen mat Fâkelzug am Préizerdaul

Di schéin Traditioun vun der Amicale Pompjeeën Préizerdaul fir d'Buergbrennen weiderze féieren, ass och dest Joer weidergefouert gin. Trotz dem reenerige Wieder waren vill Kanner mat hiren Elteren komm, fir och um Fâkelzug derbéi ze sin. Et waren och si , déi d'Buerg mat vill Begeeschterung konnten ufänken. Bei Gegrilltem, enger gudder Goulaschzopp a Gedrënks am Pompjeesbau huet d'Buergbrennen 2024 hiren flotten Ofschloss fond. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)