Chèque Iwwerreechung bei der ONG "Komm Hëllef Mat Préizerdaul"

Am Kader vun der Generalversammlung vun der ONG „Komm Hëllef Mat Préizerdaul asbl“, déi lo kierzlech op der Gemeng am Préizerdaul stattfound huet, haten di Verantwortlech déi grouss Éier e Chèque vun 34.145.- € un d’Vertrieder vun der ONG « Le soleil dans la main » z’iwwerreechen.

Dës Zesummenarbecht erméiglecht der Préizerdauler ONG fir weiderhi Projet’en am Burkina Faso z'ënnerstëtzen, an esou op zwou Plazen aktiv ze bléiwen. Déi gespente Sue gi geholl fir de Bau vun enger Schoul ze finanzéieren, fir och de Kanner an de méi entleeën Dierfer d’Méiglechkeet op Educatioun ze bidden.