Gala Concert Groussbus-Waler Musek

Di säit 2022 fusionéiert Groussbus-Waler Musek huet hire Public an enger bis op di leschte Plaz voll besater Sportshal zu Groussbus mat engem richteg flotte Programm begeeschtert. Ënnert der Direktioun vum Sophie Pemmers waren et d’Musikante selwer, déi sech hier Stécker konnten am Virfeld eraussichen, an esou koum et dann och zu engem ganz ofwiesslungsräiche Programm, mat zum Beispill de Medleyen vum Phil Collins a Coldplay oder och nach „The Lion King“.

Den Ufank huet de Jugendorchester mat Stécker ewéi "We are the world" oder "Queen on stage" gemaach, woubäi et dem Presentateur Roger Gereke dru geleeë war z'ënnersträichen, dat d'Zukunft vun der Groussbusser-Waler Musek definitiv dierft assuréiert sinn.

Bei dëser Geleeënheet ass di nei Tenue an och de neie Fändel vun der Groussbus-Waler Musek dem breede Public offiziell virgestallt ginn, woubäi de Präsident Pierre Loesch de Pätteren a Giedele mat engem klénge Kaddo nach emol e grousse Merci fir hir Ënnerstëtzung gesot huet. (Fotoen: Antoinette Ney)