Chrëschtbeemaktioun vum Club des Jeunes am Préizerdaul

Et ass am Préizerdaul schon zënter Joeren eng flott Traditioun, dass de Club des Jeunes sech beméit an der ganzer Préizerdauler Gemeng no de Feierdeeg di ausgedingten Chrëschtbeemercher anzesammelen.

Mat vill Jux a Freed geet et an engem schéi gerechtem Anhänger mat Musik an enger flotter Beleuchtung vun Haus zu Haus fir de Leit de Chrëschtbeemchen ofzehuelen an den Awunner ee Patt Glühwein oder eppes anescht vu Gedrenks ze offeréieren.

Och fir de generéisen Don guef de Leit villmols MERCI gesoot. Um Enn vun der Sammelaktioun gin d'Chrëschtbeemercher dann de Pompjeëen fir hirt Burgbrennen den 13. März prett geluecht.

Text a Foto: Charel Reiser