E Birebam fir di 2023 Neigebueren am Préizerdaul


Préizerdaul: D’Nohaltegkeetskommissioun“Commission du développement durable) ass no de lëschte Walen am Préizerdaul gegrënnt gin, matt folgender Zesummesetzung: Loes Misch (President), Marc Gergen (Buergermeeschter), Fernand Müller (Schäffen) an de Memberen Colette Weber, Georges Beckers, a Marco Manieri. Si zesummen hun an enger éischter Phase décidéiert, fir als éischt Event e Birebam fir di am Joer 2023 Neigebuere Kanner ze planzen. Eng Aktioun déi och an de kommende Joeren och weidergefouert gett. Hei waren och direkt 11 Kanner mat hiren Elteren- an zum Deel och Grousselteren- der Invitatioun nokomm fir bei der Pflanzaktioun am Kär vum Duerf dobai ze sin. No de Wëllkommensgréiss vum Buergermeeschter Marc Gergen a Wieder vum Merci war et um President Misch Loes fir op Sënn an Zwëck vun deser Aktioun anzegoen an och schon op dat nächst Event hinzeweisen, wou d’Schoulkanner zesummen mam Fieschter am Bësch – an der Haardt- ronn 400 Laafbeem planzen waerten . Weider Aktiounen fir all Bierger aus der Gemeng, e Bam ze planzen sin och fir di nächste Joeren virgesin. No deser éischter Planzaktioun ass zesummen an der Buvette mat engem klenge Maufel, ugestouss gin, wou och jidderengem e klenge Kado a Form vun regionalen Produkter vun den Autisten vu Bieckerich als Merci konnt iwerreecht gin. (CR) Foto: Charles Reiser)