Erléis vun der Adventsfënster- Aktioun un "OSCARE" Réiden/Atert weidergin



Préizerdaul: Mat engem detailléierten Adventskalenner duerch d’Gemeng, waren 22 Famillen aus dem Préizerdaul der Invitatioun vun der „Kommissioun fir interkulturellt Zesummeliewen“ nokomm , fir zëschent dem 1. bis zum 22. Dezember 2023 hir Adventsfënster ganz schéin ze rëschten. Mat engem Tour duerch d’Duerf hat di erfollegsräich Aktioun fir d’Joer 2023 hiren definitiven Ofschloss fond. Bei Geleeënheet vun den Besichtigungen, konnten di vill Duerfbewunner, di bei sämtlichen Fënsteren kulinarisch och gut verwinnt goufen, e klengen Don an eng Köscht gehéien. Viru kuurzem ass dunn am Kader vun enger klenger Feier den Erléis weider iwerreecht gin. Agaangs huet d’Presidentin vun der Dauler Kommissioun, Lena Hatto, jidderengem Merci gesoot , dat all bedeeligt Famillen sech spontan bereet erklärt haaten fir bei deser Advents- Fënster Aktioun mat ze maachen. Mat engem oprichtigem Merci fir den noble Geste, konnten d’Joëlle Noesen an d’Renée Fischer a Vertriedung vum „office social Réiden/Atert“ (OSCARE) de Scheck vun 2218, 11 Euro entgéint huelen. Dess Suen gin integral duefir agesaat, fir de Mënschen déi dringend sozial Hëllef brauchen, ze ënnerstëtzen. A sengem Schlusswuert huet de Schëffen Marc Rehlinger d’Initiativ vun der „Dauler Kommissioun fir Zesummeliewen“ besonnesch erviergehuewen mat der Hoffnung dat esou eng Aktioun fir de gudden Zweck och an den kommende Joeren am Préizerdaul onbedingt kann viru gefouert gin. Als spezielle Merci fir hir stete Presenz bei sämtlichen Fënsterbesichtigungen sin de Will Antony an Tessy Wolter mat enger gut gefëllter corbeille och geéiert gin .(CR) (Foto: Charles Reiser)