Muhamet Mlloja huet säin 85. Gebuertsdag gefeiert

Préizerdaul: De Muhamet Mlloja huet den 20. Dezember 1938 als eelste Jong vu véier Kanner vum Hysem an Lutfije Mlloja, d’Liicht vun der Welt an Albanien erblëckt. De Jubilar war a senger aktiver Berufszäit als Chauffeur engagéiert. Am Joer 1962 huet de Muhamet seng Fra Qeothere bestued , mat dem si e Jong an e Meedchen zesummen haaten. No an no huet sech d’Famill Mlloja ëm sechs Enkel- a véier Urenkelkanner vergréissert. Säit dem Joer 2008 huet d’Gebuertsdagskand mat senger Fra bei hirer Famill am Préizerdaul gewunnt. Leider ass seng léiw Fra virun zwee Joer verstuerwen esou dat den Muhamet bei sengem Jong an senger Schwéiesch weiderhin och nach gut versuergt gett. Fir di zwéin Schäffen Marc Rehlinger a Fernand Muller war et viru kuurzem eng besonnesch Éier fir dem Gebuertsdagskand, Muhamed Mlloja zum 85. Liewensjoer mat enger gut gefëllter Corbeille am Numm vun der Gemeng Préizerdaul och ganz häerzlich ze gratuléieren an him weiderhin eng gut Gesondheet a vill Freed op sengem weideren Liewenswee ze wënschen. Bei engem gudde Pättchen zesummen mat der Famill ass dunn op den 85. Gebuertdag geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)