Cäciliefeier beim Beetebuerger Kierchechouer

All Woch ass de Beetebuerger Chouer am Asaz fir d’Houmass um Sonndeg ze verschéineren. Dobäi ass all Woch d’Presenz an enger Prouf an bei villen Begriefnis-Gottesdéngschter verlaangt. Bei der Cäciliefeier an der „Re’ser Stuff“ sinn 3 aktiv Sängerinnen fir hiren Engagement mat Medailen vum Piusverband ausgezeechent ginn: D’Mireille Schartz-Chiarandini (20 Joer), d’Claudine Lutty-Simon (10 Joer) an d’Monique Lehnert-Classen (5 Joer). Den Diakon René Schumacher huet d’Medailen iwwerreecht an de grousse Merci an d’Unerkennung vun der Beetebuerger Pargemeinschaft ausgedréckt.