de Kierchechouer vu Beetebuerg iwwerreecht e Scheck fir den Cent Buttek

Bei Geleeënheet vun hirer Generalversammlung hunn d'Sängerinnen an d'Sänger d'Resultat vun hirer Faaschtekollekt iwwerreecht. D'Monique Richter-Ahnen vun der asbl huet villmools Merci gesot an Erklärungen iwwer de Fonctionnement vun den Cent Butteker ginn. Nieft den agesammelten Iesswuere muss nämlech reegelméisseg frëscht Uebst a Geméis bäikaaft ginn fir un d'"Client Famillen" ze verdeelen an dofir sinn all Done wëllkomm.

More news by Chorale Sainte-Cécile Bettembourg >