Generalversammlung vum 26 .Februar 2019

Op eiser AG 2019 konnte mir eng ganz Rei vun Memberen begréissen, sou wéi den Buergermeeschter Laurent Zeimet, de Conseiller Guy Frantzen an de Vertrieder vun der UGDA, Romain Henrion. Nom Aktivitéitsbericht, dem Keessebericht mat engem liichte Minus gouf de Comité entlaascht. No engem Récktrëtt an dem Ophuelen vun 2 Nei-Memberen setzt sech de Comité lo esou zesummen: Alain Liltz, Vanessa Dennenwald, Michèle Schneider, Guy Langers, Nathalie Weber, Jean Milmeister a Pascal Dopfeld. No der Iwwerreechung vun den UGDA-Medaillen un eis Jubilare an den Usproochen vun den 3 Eiregäscht, gouf nach op eist wichtegst Event dëst Joer higewisen: De Krimidinner den 26+27.4.19

More news by Beetebuerger Theaterfrënn asbl >