Generalversammlung vum 28. Februar 2022

Op eiser AG 2022 konnte mir eng ganz Rei vun Memberen begréissen, sou wéi den Schäffen Jean-Marie Jans, de Conseiller Roby Biever an de Generalsekretär vun der UGDA, Marc Thill. Nom Aktivitéitsbericht, dem Keessebericht mat engem liichte Plus an der Keess gouf de Comité entlaascht. De Comité setzt sech lo esou zesummen: Alain Liltz, Vanessa Dennenwald, Michèle Schneider, Guy Langers, Nathalie Weber a Pascal Dopfeld. No der Iwwerreechung vun den UGDA-Medaillen un eis Jubilare an den Usproochen vun 2 Eiregäscht, gouf nach op eist wichtegst Event dëst Joer higewisen: De Krimidinner den 20+21+22.5.2022 am neien KulTourhaus zu Hunchereng

More news by Beetebuerger Theaterfrënn asbl >