Scheckiwwerreechung un d'Amicale ISJ Betzder

3570 Euro beim Gala Déjeuner de bienfaisance iwwerreecht


Am Fréijor hat d'Amicale Institut St. Joseph Betzder hiere Gala Déjeuner de bienfaisance 2025 organiséiert. Ënnert de ville Gäscht war och den Här André Reuter, dee vun der Geleeënheet profitéiert huet an e Scheck vun 3.570 Euro un den Organisateur iwwerreecht huet. Kuerz virdrun hat den Här Reuter säi ronne Gebuertsdag mat Famill a Frënn gefeiert a dobäi fir de gudden Zweck gesammelt.