Kiermes am Tricentenaire
Zesumme mat de Frënn vum Tricentenaire invitéiere mir op d'Kiermes am Tricentenaire, Sonndes den 31. Mee vun 11h30 un am Centre Jean Heinisch zu Biissen.
Wéi all Joer hu mir nees vill flott Aktivitéiten um Programm:
Concert-Apéro mat der Mäertzeger Musek, am Nomëtten Concert vun de Knupperten, Animatioun a Spiller fir di Kleng, Tombola, Second Hand Shop, Verkafsstänn vun den Ateliers du Tricentenaire, Schampesbar a nach Villes méi.
Fir den Honger an den Duuscht ass beschtens gesuergt:
Vun 12 bis 14 Auer zerwéiere mir Paschtéit mat Fritten an Zalot oder Wok mat Nuddelen a Geméis (Veggie). Gegrilltes a Fritten ginn et de ganzen Dag iwer.
Doniewt ginn et och eis hausgemaache Glacen, Pâtisserie an Eisekuchen.
Et geng eis freeën Iech deen Dag bei eis begréissen ze kënnen!