Biissen : Trei der Traditioun hunn sech 29 Meedercher a Jongen – Joergäng 1940 bis 1950 – aus der Primärschoul vu Biissen, zum Deel mat hire Partner, am Restaurant Neptwone am „Centre de formation pour jeunes conducteurs“ um Rouscht de leschten 11. Abrëll getraff fir ee gemittlechen „Poternomëtteg“ ze verbréngen. Och wann d’Zuel, altersbedéngt, lues a lues réckleefeg ass, bleift de Wonsch ongebrach fir sech regelméisseg erëm ze gesinn. An engem Duerf, wat sech permanent weider entwéckelt, gëtt et ëmmer eppes Neits wouriwwer een, mol hefteg, mol manner emotional diskutéiere kann. An da gëtt et jo och nach déi fréier Spiichten un déi een sech ëmmer nees gären erënnert. Op déi Manéier ass deen Nomëtteg vergaang nach ier een sech richteg ëmsinn hat. An dann heescht et: wéini a wou gesi mer ons d’nächste Kéier erëm? Wier et net ubruecht, sech vläicht all Joer ze gesinn? Eng berechtegt Fro, oder net? An esou koum et, dass deen nächste Konveniat scho fir den 27. Mäerz 2026 ugesot gouf, an net eréischt an 2 Joer. (Foto: Charles Reiser)