Biissen : Trei der Traditioun hunn sech 23Meedercher a Jongen – Joergäng 1940 bis 1950 – aus der Primärschoul vu Biissen, zum Deel mat hire Partner, am Restaurant Neptwone am „Centre de formation pour jeunes conducteurs“ um Rouscht de lëschten 27. Mäerz getraff fir ee gemittlechen „Poternomëtteg“ ze verbréngen. Do ass och un di leider schon verstuerwen Kolleginnen a Kollegen geduecht gin. Och wann d’Zuel, altersbedéngt, lues a lues réckleefeg ass, bleift de Wonsch ongebrach fir sech regelméisseg erëm ze gesinn. An engem Duerf, wat sech permanent weider entwéckelt, gëtt et ëmmer eppes Neits wouriwwer een, mol hefteg, mol manner emotional diskutéiere kann. An da gëtt et jo och nach déi fréier Spiichten un déi een sech ëmmer nees gären erënnert. Op déi Manéier ass deen Nomëtteg vergaang nach ier een sech richteg ëmsinn hat. An dann heescht et: wéini a wou gesi mer ons d’nächste Kéier erëm? Wier et net ubruecht, sech vläicht all Joer ze gesinn? Eng berechtegt Fro, oder net? An esou koum et, dass deen nächste Konveniat scho fir den 19. Mäerz 2027 ugesot gouf, No e puer flotter Stonnen a kommerodlicher Atmosphäre, huet de Konveniat 2026 och sengt würdigt Ënn fond. (Foto: Charles Reiser)