Aweiung Pétanque-Pist

D'Gemeng Biwer ass em eng Fräizäitaktivitéit méi räich ginn: am Kader vun hirer Aktioun „Mir schaffe fir Dech!“ hun d‘Landjugend & Jongbaueren zu Biwer hanner der Schoul beim Fussballsterrain eng Pétanque-Pist opgeriicht.

Eng Plaz fir Jonk an Al. Eng flott Fräizäitaktivitéit déi d’Zesummeliewen vun all den Awunner aus Gemeng weider stäerkt!